Stadion
Däi Veräi fänkt mat engem klenge Stadion un, deen s de am Laf vun denger Hattrick-Carrière kanns vergréisseren. Op der Stadionssäit kanns de däi Stadion gesinn an all Detail regelen.
Akommes a Käschten
Et gi véier verschidden Zorte vu Plazen, mat verschiddene Recetten a Käschten pro Woch (déi muss de ëmmer bezuelen).
|
Akommes
|
Käschte pro Woch
|
Stéiplazen
|
7 US$
|
0.5 US$
|
Sëtzplazen
|
10 US$
|
0.7 US$
|
Iwwerdaachte Sëtzplazen
|
19 US$
|
1 US$
|
VIP-Plazen
|
35 US$
|
2.5 US$
|
An de Rapporte vun Heemmatcher kanns de gesinn, wéivill Plaze vun all Zort besat waren. D'Akommes duerch Matcher gëtt a Relatioun mat der Zort vu Match verdeelt:
Championatsmatcher: D'Heemekipp kritt all d'Suen.
Coupematcher: D'Heemekipp kritt 67% vun de Recetten an d'Auswäertsekipp 33%, ausser an de leschte 6 Ronnen, déi op neutralem Terrain gespillt ginn, d'Recette vum Match ginn hei gedeelt.
Frëndschafts- a Relegatiounsmatcher: D'Recettë gi gläichméisseg opgedeelt.
Deng Spectateuren
Wéivill Spectateuren an däi Stadion kommen, hänkt virun allem vun denge Supporteren of. Deng Supporteren hir Stëmmung an d'Gréisst vun dengem Fanclub sinn déi wichtegst Faktore fir d'Spectateuren. Deng aktuell Positioun an der Liga, an d'Differenz tëschent denger Positioun an där vun dengem Géigner huet och eng gewëssen Importenz (a Championatsmatcher).
An engem gewësse Mooss sinn och d'Supportere vun dengem Géigner wichteg (Stëmmung a Gréisst vum Fanclub), well e puer vun hinnen eventuell och de Match kucke kommen. Et ass iwweregens och gutt ze wëssen, datt ëmsou méi Leit kommen, wat d'Saison méi al ass. Generell kommen um Enn vun der Saison méi Spectateure wéi um Ufank.
An dann ass natierlech och nach d'Wieder wichteg. Bei schlechtem Wieder komme manner Spectateuren, mä déi déi kommen kafe méi deier Entréesbilljeeën a sëtze sech ënnert den Daach. Et ass dowéinst méiglech, datt deng Recetten onofhängeg vum Wieder ongeféier selwecht bleiwen, wann een dovun ausgeet, datt genuch vun deene richtege Plazen do sinn.
De Stadion ëmbauen
Fir däi Stadion ëmzebauen, gëss de enger Baufirma eng Commande. Et dauert e bësse bis den Ëmbau fäerdeg ass - eng Woch oder méi, wat dovunner ofhänkt, wéi grouss den Ëmbau ass. Während dem Ëmbau bleiwen déi aktuell Plazen disponibel. Du bezils 10 000 US$ pro Ëmbau an all eenzel Plaz, déi s de wëlls dobäisetzen oder ewechhuelen, kascht dech och nach eppes.
|
Baukäschten
|
Ofrappkäschten
|
Stéiplazen
|
45 US$
|
6 US$
|
Sëtzplazen
|
75 US$
|
6 US$
|
Iwwerdaachte Sëtzplazen
|
90 US$
|
6 US$
|
VIP-Plazen
|
300 US$
|
6 US$
|
Et ass eng gutt Saach, fir denge Supporter déi verschidden Zorte vu Plazen an der richteger Mëschung unzebidden. Déi meescht Leit wëlle Billjeeë fir Stéiplaze kafen, dowéinst soll déi Zort vu Plaz och vun all deenen Zorten am heefegsten ze fanne sinn.
E puer Leit ginn nëmme Matcher kucken, wa se sech kënne bequem sëtzen (an e puer wëllen dann och en Daach iwwer dem Kapp hunn), dowéinst solls de och vill där Plazen hunn. An da gëtt et och nach déi Leit, déi nëmme wéinst dem Schampes an de Saumons-Schnittercher kommen, déi wëllen nëmmen op enger wonnerschéiner VIP-Plaz sëtzen. Et ginn der net vill vun där Zort, mä du solls se besser net vergiessen. Iwwerdaachte Sëtzplazen a VIP-Logen si vum schlechte Wieder net sou betraff wéi déi aner Plazen.